Tipps
Mat de richtege Gesten am Alldag kënnt Dir Är Energierechnunge reduzéieren a gläichzäiteg eppes fir de Klimaschutz maachen. Hei sinn d’Tipps vu Klima-Agence, déi Iech dobäi hëllefen Energie ze spueren.
Lëtzebuerg huet tëschent dem 1. August 2022 an dem 31. Mäerz 2023 ronn e Véierel manner Gas verbraucht. Dës Solidaritéit ass a bleift och haut wichteg.
Energie spueren heescht net nëmme Sue spueren, mee garantéiert och, dat genuch Energie fir jiddereen do ass an eist Land méi onofhängeg gëtt.
Jidderee dréit mat klenge Gesten am Alldag dozou bäi: d’Heizung besser notzen, wa méiglech den ëffentlechen Transport benotzen, d‘Luuchten an aner Apparater ausmaachen, wann se net gebraucht ginn.Zesumme kënne mir ganz vill beweegen.
Deng Energie mécht den Ënnerscheed.
Mat de richtege Gesten am Alldag kënnt Dir Är Energierechnunge reduzéieren a gläichzäiteg eppes fir de Klimaschutz maachen. Hei sinn d’Tipps vu Klima-Agence, déi Iech dobäi hëllefen Energie ze spueren.
D’Regierung accordéiert finanziell Hëllefe fir den Iwwergang op erneierbar Energien ze erliichteren an d’Stéit mat niddregem Akommes ze ënnerstëtzen.
Äre Partner fir Energie a Klima
Mir ënnerstëtzen Iech dobäi, Léisungen ze fanne fir Är Projeten am Beräich Wunnen a Mobilitéit méi nohalteg ze gestalten, an esou Äre Verbrauch ze reduzéieren.
Wëllt Dir méi wëssen an Iech méi engagéieren? Klickt hei fir Ären Media Kit erofzelueden.
Loosst eis dëst Zil zesummen erreechen!
14/11/2023
Le ministère de l'Énergie et de l'Aménagement du territoire, ensemble avec Klima Agence, a lancé, ce mardi 14 novembre 2023, la campagne de "Ton énergie fait la différence".
Méi dozou
03/08/2023
En date du 3 août 2023, le ministère de l'Énergie et de l'Aménagement du territoire a publié un nouvel état des lieux des efforts de réduction de la consommation de gaz naturel au Luxembourg.
Méi dozou
04/07/2023
En date du 4 juillet 2023, le ministère de l'Énergie et de l'Aménagement du territoire a publié un nouvel état des lieux des efforts de réduction de la consommation de gaz naturel au Luxembourg.
Méi dozou
Sidd Dir e Stot an hutt Froen iwwer Energie oder potenziell finanziell Hëllef? Fannt d‘Äntwerten hei.
Tëschent der Erausfuerderung, seng Versuergung ze sécheren, an de klammende Gas- a Stroumpräisser steet Europa virun enger drängender Energie- a Klimakris. Dofir ass et wichteg, datt all Acteure vun der Gesellschaft Moossnamen ergräife kënnen, fir eng effizient Energietransitioun sécherzestellen, méi effizient a manner ze verbrauchen an domat eisen Energiebedarf an eis Ausgaben ze reduzéieren.
D'Regierung huet sech e fräiwëllegt Aspuerzil vu -15 % vum Gasbedarf am Verglach zu de leschte fënnef Joer am Zäitraum 01.08.2022 – 31.03.2023 festgeluecht. Fir den nächste Wanter virzebereeden an d'Versuergungssécherheet ze garantéieren, gouf op europäeschem Niveau d'Verlängerung vun dëser Mosnam op ee Joer – bis den 31.03.2024 – decidéiert.
Niewent Entreprisen, mat deenen d'Regierung iwwer Beruffschambere konkreet Spuerpläng ausschafft, spille Staat a Gemengen eng féierend Roll, an och d'Stéit leeschten e weesentleche Bäitrag zur Energieaspuerung. Lëtzebuerg huet a sengem Nationalen integréierten Energie- a Klimaplang (PNEC – Plan national intégré en matière d'énergie et de climat) de Fuerplang fir seng gesamt Klima- an Energiepolitik definéiert. E beschreift d'Strategien a Moossname fir d'Erreeche vun den ambitiéisen nationalen Ziler wéi d'Zärgasemissiounen ze reduzéieren (-55 %), erneierbar Energien (25 %) an d'Energieeffizienz (vu 40 bis 44 %) bis 2030.
Fir de Stéit ze hëllefen, huet d’Regierung beschloss, d’Hausse vun de Gaspräisser fir Privatclienten op 15 %, géigeniwwer dem duerchschnëttlechen Niveau vu September ze fixéieren.
Dës Moossnam trëtt automatesch a Kraaft, et si keng weider Demarchë noutwenneg. Se gëllt vun Oktober 2022 bis Dezember 2024. D’Regierung iwwerhëlt ausserdeem d’Netzwierkkäschte bis Enn Dezember 2024. De Verkafspräis vum flëssegen Naturgas (LNG) gouf temporär ëm 0,20 €/kg reduzéiert. Zënter Januar 2023 ass d'TVA op Gas och vun 8 % op 7 % reduzéiert ginn.
No der aussergewéinlecher Erhéijung vun de Präisser fir Pëtrolsprodukter huet d’Regierung och beschloss, de Verkafspräis fir Heizdiesel (Mazout) zäitweileg ëm 15 ct/l inkl. Steieren ze reduzéieren. D’Präisreduktioun fir Mazout ass den 1. November 2022 a Kraaft getrueden a gëllt bis den 31. Dezember 2024. Zënter Januar 2023 ass d'TVA op Heizueleg och vu 14 % op 13 % reduzéiert ginn.
Den 1. Januar 2023 gouf eng Präisreduktioun fir de Verkaf vun Holzpellets agefouert fir Heizungen a Privatstéit: bis zu 35 % vum Präis, mat engem Maximum vun 200 € pro Tonn. De Stroumpräis fir d'Stéit stabiliséiert sech dëst Joer um Niveau vun 2022. Och d'Präisser bei ëffentlech zougängleche Luedstatioune fir elektresch Gefierer gi fir 2023 an 2024 stabiliséiert. D'TVA op Stroum gëtt Ufank 2023 vun 8 % op 7 % reduzéiert.
Vum 1. Oktober 2022 un gëllt eng Präiserhéijung limitéiert op +15 % par rapport zum duerchschnëttleche Präisniveau vum September 2022 fir privat Clienten, déi un engem Fernwärmenetz ugeschloss sinn.
All dës Mesurë gëlle bis Enn 2024.
D’Regierung huet zousätzlech zu der schonn agefouerter Allocation de vie chère (AVC) eng Energie-Primm fir d’Joer 2022,2023 an 2024 agefouert. Dës Primm gëtt Persounen accordéiert, deenen hiert Bruttoakommes déi ëm 25 % erhéicht Grenzwäerter fir den AVC net iwwerschreit, a gëtt zousätzlech zu dëser ausbezuelt. Mir erënneren och dorun, datt d’Regierung beschloss huet, d’Loyerssubventioun unzepassen, fir déi Stéit ze ënnerstëtzen, déi der aktueller Inflatioun am stäerksten ausgesat sinn. Zanter dem 1. August 2022 goufen déi zougewise Beträg erhéicht an d’Krittäre fir den Zougang zu dëser finanzieller Ënnerstëtzung fir privat Locatairë verlängert. D’Loyerssubventioun gëtt ofhängeg vum Akommes an der Stotzesummesetzung berechent. Elengerzéiend Famille gi besonnesch berécksiichtegt. Déi de verschiddene fërderfäege Stéit zougewise Beträg klammen am Verglach zu der aktueller Situatioun ëm duerchschnëttlech 50 % a kënne bis zu 400 € de Mount erreechen
Lëtzebuerg bilt mat der Belsch ee gemeinsamt Maartgebitt, ee Marché, deen ënner anerem duerch Gas haaptsächlech aus Norwegen
an duerch Frachtschëffer mat Flësseggas (LNG) aus Katar versuergt gëtt.
Zu Lëtzebuerg verbrauchten Äerdgas gëtt iwwer d’Belsch a (manner) aus Däitschland importéiert. Den Äerdgasmaart ass duerch eng
vollstänneg Importofhängegkeet gekennzeechent, wann d’Produktioun vum lokal an d’Netz agespeiste Biogas net berücksichtegt gëtt.
Déi jéngst Erhéijung vum Gaspräis nom russeschen Iwwerfall an d’Ukrain huet direkt Auswierkungen op d’Stroumpräisser, well en Deel
vum Stroum mat Gas produzéiert gëtt.
Am Joer 2021 huet Lëtzebuerg 81,5 % vum Stroumverbrauch importéiert. Well d’Transportnetz mam däitschen Transportnetz
verbonnen ass, kënnt dësen Import gréisstendeels aus Däitschland. Zanter Oktober 2017 ass d’Beneluxverbindung tëschent de
belschen a lëtzebuergeschen Transportnetzer a Betrib an erméiglecht elo och den Austausch vun elektresche Stréim tëschent dësen
Netzer.
Europa duerchleeft am Beräich vun der Energieversuergung eng Zäit vun Onsécherheet, a Lëtzebuerg, obwuel et gutt mat den
Transportnetzer vun den Nopeschlänner verbonnen ass, bereet sech op méiglech Engpäss an allen Energieberäicher vir.
Zu dësem Zweck ginn et Pläng a Verfaren oder se befanne sech entspriechend an der Aktualiséierungsphas, fir méiglech Krisen ze
bewältegen. Dozou gehéieren den Noutfallplang a Moossname fir d’Gasreduzéierung, Entlaaschtungspläng an
d’Energiespuercampagne fir Gas a Stroum.
Fir en Noutfall, dee méi Secteure betrëfft, gëtt et den Noutfallplang fir de Fall vun enger Ënnerbriechung vun der Energieversuergung
(Stroum an Äerdgas) „PIU Energieënnerbriechung“, deen ënner der Direktioun vum Héije Kommissariat fir national Sécherheet (HCPN)
entwéckelt gouf. Doriwwer eraus gëtt et e reegelméissegen Austausch tëschent dem Ministère fir Energie a Landesplanung an den
Energiefournisseuren, den Netzbedreiwer a verantwortlechen Acteuren an eisen Nopeschlänner (besonnesch d’Belsch an
Däitschland).
Den integréierte Präis fir Gas a Stroum setzt sech aus dem Energiekaf-Deel, den Netzkäschten, de Steieren an der TVA zesummen. Den Energiekaf-Deel hëlt e groussen Deel un der Zesummesetzung vum Präis an.
D'Regierung huet Moossname geholl, fir déi aussergewéinlech Erhéijung vun den Energiepräisser ze reduzéieren.
Fir de Stéit ze hëllefen, huet d'Regierung decidéiert d'Erhéijung vun den Äerdgaspräisser fir privat Clienten op +15 % am Verglach zum duerchschnëttlechen Äerdgaspräis am September 2022 ze limitéieren. Dës Moossnam gëllt automatesch, keng Schrëtt mussen ënnerholl ginn. Et gëllt vum Oktober 2022 bis Dezember 2024. De Staat wäert d'Netzkäschte bis Enn Dezember 2024 weider droen. De Verkafspräis vum LNG gouf temporär ëm 0,20 €/kg reduzéiert. Zënter Januar 2023 ass d'TVA op Gas och vun 8 % op 7 % reduzéiert ginn.
Zousätzlech huet d'Regierung, wéinst der aussergewéinlecher Erhéijung vum Präis vun de Pëtrolsproduiten, decidéiert eng temporär Reduzéierung vum Verkafspräis vum Mazout ëm 15 ct/l inklusiv TVA anzeféieren. Den 1. November 2022 ass d'Präisreduktioun fir Mazout a Kraaft gaangen a gëllt bis den 31. Dezember 2024. Zënter Januar 2023 ass d'TVA op Mazout och vu 14 % op 13 % reduzéiert ginn.
Den 1. Januar 2023 gouf eng Präisreduzéierung fir de Verkaf vun Holzpellets, déi fir Heizungen a Privatstéit benotzt ginn, agefouert: bis zu 35 % vum Präis, mat engem Maximum vun 200 € pro Tonn.
De Stroumpräis fir d'Stéit stabiliséiert sech bis Enn 2024 um Niveau vun 2022. Och d'Präisser bei ëffentlech zougängleche Luedstatioune fir elektresch Gefierer gi fir 2023 stabiliséiert. D'TVA op Stroum gouf Ufank 2023 an 2024 vun 8 % op 7 % reduzéiert.
Zënter dem 1. Oktober 2022 profitéiere privat Clienten, déi un engem Fernwärmenetz ugeschloss sinn, vun enger Limitatioun bei enger Präiserhéijung vun +15 % am Verglach zum duerchschnëttleche Präisniveau am September 2022.
All dës Mesurë gëlle bis Enn 2024.
D’Regierung huet zousätzlech zu der schonn ageféierter Allocation de vie chère (AVC) eng Energie-Primm fir d’Joer 2022,2023 an 2024 ageféiert. Dës Primm gëtt Persounen accordéiert, deenen hiert Bruttoakommes déi ëm 25 % erhéicht Grenzwäerter fir den AVC net iwwerschreit, a gëtt zousätzlech zu dëser ausbezuelt
Doriwwer eraus gouf d’Loyerssubventioun ugepasst, fir d’Stéit ze ënnerstëtzen, déi der aktueller Inflatioun am stäerksten ausgesat sinn. Zanter dem 1. August 2022 goufen déi zougewise Beträg erhéicht an d’Krittäre fir den Zougang zu dëser finanzieller Ënnerstëtzung fir privat Locatairë verlängert. D’Loyerssubventioun gëtt ofhängeg vum Akommes an der Stotzesummesetzung berechent. Elengerzéiend Famille gi besonnesch berücksichtegt. Déi de verschiddene fërderfäege Stéit zougewise Beträg klammen am Verglach zu der aktueller Situatioun ëm duerchschnëttlech 50 % a kënne bis zu 400 € de Mount erreechen.
Esou kann d’Loyerssubventioun eng beträchtlech Hëllef fir noutleidend Locatairesstéit sinn. D’Gemengen si gebieden, d’Bewosstsi fir hir Servicer (Wunnengsbau a Sozialservicer) ze schäerfen, hir Awunner op d’Loyerssubventioun opmierksam ze maachen an hir Berechtegung beim Guichet unique fir Wunnengshëllef ze iwwerpréiwen.
D’Regierung beschleunegt hir Beméiungen am Beräich vun der Fërderung vun erneierbaren Energië mat engem besonneschen Fokus op Projete fir d’Entwécklung vu Wand- a Photovoltaikenergie. Doriwwer eraus kënnen d’Bierger vun enger ganzer Palett u gënschtege Klimabonus-Primme profitéieren, déi kierzlech agefouert goufen « Klimabonus ».
Den éischte Schrëtt wier, Iech iwwer de Chaudièrestyp am Gebai ze informéieren. Dir kënnt och am Energiepass kucken, deen Dir beim Kaf vun Ärer Wunneng kritt hutt, oder Iech un Äre Proprietaire adresséieren, fir Iech ze informéieren. Dir kënnt Iech och un d’Hausverwaltung (Syndic) richten, fir weider Informatiounen ze kréien.
Fir doheem Energie ze spueren, musst Dir op Ären Heiz- a Stroumverbrauch Uecht dinn.
En Deel vun Ären Aspuerunge baséieren op Klengegkeeten, déi Dir all Dag maache kënnt, fir Äre Verbrauch ze reduzéieren, zum
Beispill d’Temperatur an all Zëmmer richteg astellen; Thermostatventiler installéieren, fir d’Temperaturen an d'Hëtzzäitraim besser ze
steieren, Är Chaudière kontrolléiere loossen, fir datt se richteg funktionéiert. Dofir kënnt Dir zum Beispill beim nächste Rendez-vous fir
eng Maintenance en Heizungscheck vun engem qualifizéierten Handwierker duerchféiere loossen.
Natierlech kënnt Dir méi ëmfaassend a méi bedeitend Moossnamen ergräifen, andeem Dir d’Isoléierung vun Ärem Haus verbessert a
BZG
gläichzäiteg de Subventiounsprogramm « Klimabonus » notzt.
Wann et ëm Äre Stroumverbrauch geet, kënnt Dir ufänken, andeem Dir energieintensiv Apparater ersetzt a LED-Luuchten installéiert.
Tipps fir e besseren a méi gerénge Verbrauch fannt Dir ënner energie-spueren.lu
Verschidde Programmer vun den Energiefournisseuren riichte sech un d’Verbraucher, fir Energieaspuerungen ze fërderen.
Adresséiert Iech direkt un Äre Stroum- oder Gasversuerger, fir all Léisunge gewuer ze ginn, déi en Iech bidde kann. Vill dervu bidden Iech och Outilen, fir d’Energiespueren ze sensibiliséierern, op hirem Internetsite un.
Als Privatpersoun kënnt Dir vun engem Hëllefspak profitéieren, fir Är energeetesch Renovéierungsprojeten ze finanzéieren, Ären zukünftege Wunnraum nohalteg ze bauen oder Är al fossil Chaudière duerch eng méi ekologesch Alternativ ze ersetzen oder esouguer Ären eegene Stroum mat der Sonn ze produzéieren.
De Staat ënnerstëtzt dës Beméiungen duerch de Programm « Klimabonus », deen Iech eng Rëtsch vu staatleche Subventiounen fir d’Duerchféierung vun dëse Projeten ubitt. Dir kënnt Iech och un Är Gemeng, Ären Energiefournisseur an den fonds nova naturstroum riichten, fir méi iwwer all zousätzlech Hëllefen gewuer ze ginn, vun deenen Dir profitéiere kënnt. De Subventiounssimulator vu Klima-Agence erméiglecht Iech en integréierten Iwwerbléck iwwer déi verschidden Hëllefen:aides.klima-agence.lu
D’lëtzebuergesch Gemenge gi vum Ministère fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung duerch hir Participatioun um staatleche Programm Klimapakt ënnerstëtzt, deen hir éiergäizeg Ustrengungen am Beräich vun der Energie- a Klimapolitik subventionéiert.
Entreprisë kënnen och vu Primme fir d’Produktioun vun erneierbaren Energië profitéieren.
Um Niveau vun der Energieeffizienz kënnen Entreprisë vun Ëmweltbäihëllefen a vun Hëllefen vun den Energiefournisseuren profitéieren.
D’Entwécklunge vun de Präisser fir fossil Brennstoffer esouwéi de Schutz vun eisem Planéit sinn entscheedend Facteuren, fir sech fir méi wirtschaftlech a méi ekologesch Anlagen ze entscheeden ewéi déi al Heizsystemer mat Mazout, Gas oder Stroum. Dir kënnt verschidden alternativ Installatiounen a Betruecht zéien:
Wann Dir erausfanne wëllt, wéi eng Hëllefen Dir kréie kënnt, esouwéi hir Subventiounsbedéngungen an technesch Ufuerderungen, dann notzt den Hëllefssimulator vu Klima-Agence, fir méi gewuer ze ginn.
A fir Äre Projet ze starten, entdeckt déi wichteg Schrëtt, fir Är Heizungsinstallatioun erfollegräich auszetauschen.
Nee, elektresch Heizkierper si keng räsonabel Alternativ, well se méi deier ewéi eng Gasheizung ginn. Fir Iech e Verglach ze erméiglechen, hei d’Präisser* zum 4. November 2022:
Niewent den grousse finanziellen Nodeeler, déi mam Asaz vun elektreschen Heizkierpere verbonne sinn, kann de gläichzäitegen Asaz vun enger grousser Zuel vun Heizkierperen negativ Auswierkungen op d’Stroumnetzverwaltung hunn, well d’Fournisseuren – am Géigesaz zu de Luedstatioune fir Elektroautoen, déi mam Smart Meter verbonne sinn – keng Méiglechkeet hunn, bei Bedarf an déi lokal Entlaaschtung anzegräifen.
Dofir ass et besser, den Asaz vun der besteeënder Heizléisung ze optiméieren: consulter les astuces de Klima-Agence
*Quell : www.calculix.lu
Zu Lëtzebuerg kënne Verbraucher hiren Energiefournisseur fräi wielen. Et gëtt eng praktesch Vergläichsplattform fir d’Bewäertung vun de Gas- a Stroumpräisser vun de verschiddenen Fournisseuren: calculix.lu
Déi dräi Fournisseuren, déi zu Lëtzebuerg Gas u Stéit verkafen, hunn ënnerschiddlech Ofrechnungssystemer.
Eng aner Alternativ ka sinn, datt de Präis op den aktuelle Maartpräis Bezuch hëlt. Opgrond vun der staarker Erhéijung vum Gaspräis an de leschte Méint orientéiere sech verschidden Fournisseuren sou dorun, wat si dem Client an Zukunft verrechne mussen.
Dës Rechnungsaart erméiglecht et, d’Differenz bei der Ofrechnung tëschent de bezuelte Avancen an dem tatsächlech ze bezuelende Betrag ze verréngeren.
Wann den Fournisseur seng Präisser am Laf vum Joer upasse muss, kann en och d’Avancen upassen – nees, fir d’Differenz bei der Ofrechnung ze reduzéieren. An dësem Fall sinn déi Avancen e Mëttel, fir d’Opmierksamkeet vum Verbraucher op d’Tatsaach ze lenken, datt sech seng Gasrechnung erhéicht, a fir d’Ofrechnung op d’Joer opzedeelen.
Et ginn Fournisseuren, déi d’Avancë saisonal un de Verbrauch upassen: méi am Wanter a manner am Summer. Aner Fournisseuren berechnen déi selwecht Avancen dat ganzt Joer iwwer.
Et ginn Fournisseuren, déi all Mount den tatsächleche Verbrauch verrechnen. Fir dës Aart vun der Ofrechnung brauch de Client e gëeegenten Zieler.
Wann den Fournisseur de Gaspräis upasse wëll (erhéijen oder reduzéieren), muss en dat op d’mannst ee Mount am Viraus bekannt ginn (geännert Gesetz vum 1. August 2007 iwwer d’Organisatioun vum Gasmaart). D’Kommunikatioun kann iwwer d’Press oder den Internetsite vum Fournisseur erfollegen.
Vergläicht fir d’éischt d’Präisser vun de verschiddenen Energiefournisseuren op der Plattform calculix.
Zousätzlech zu dësen Informatiounen ass et wichteg, d’Vertragsbedéngungen (Kënnegungsfrist oder aner Bedéngungen) esouwéi d’Rechnungen, déi Dir kritt, gutt ze liesen an ze verstoen. Mat all dësen Informatioune kënnt Dir e Fournisseur auswielen, deem seng Servicequalitéit a ‑vilfalt Äre Bedierfnesser am beschten entsprécht.
Dir kënnt och jidderzäit den Internetsite vum ILR (Institut Luxembourgeois de Régulation) (LINK https://web.ilr.lu/FR/Particuliers/Gaz-naturel/Informations-utiles/Choix-du-fournisseur) am Zesummnhang mat der Auswiel vun Ärem Energiefournisseur opruffen.
Wann Dir Iech an enger Situatioun vun Energieaarmut befannt oder Schwieregkeeten hutt, Är Heizungs- oder Stroumrechnung ze bezuelen, da kënnt Dir Iech un den Office social vun Ärer Gemeng adresséieren. Den Office social kennt déi an dësem Fall gëllend rechtlech Moossnamen a beaarbecht den Dossier zesumme mat Ärem Energiefournisseur.
Doriwwer eraus kann den Office social e Klima-Agence-Beroder bieden, Iech doheem ze besichen, fir Iech vill Tipps ze ginn, wéi Dir méi effizient a manner konsuméiere kënnt. Deen erkläert Iech och, wéi Dir vu Subventioune vu bis zu 75 % vum Kafpräis fir den Ersatz vun Ären energieintensiven Haushaltsapparater profitéiere kënnt.
Mir sinn all vun den Energieaspuerunge betraff, ob mir elo e privaten oder ëffentlechen Acteur vun der lëtzebuergescher Gesellschaft sinn. Mir mussen zesummen handelen an Ustrengungen ënnerhuelen.
Wann Dir eng Entreprise, eng Gemeng oder eng Institutioun sidd, kënnt Dir Äre Bäitrag weisen, andeem Dir de Campagnëlogo Zesumme spueren – Zesummenhalenop Äre Kommunikatiounsmaterialer benotzt. Dir maacht domat net nëmmen Är Handlunge siichtbar, mee ermontert och anerer, Ärem Beispill ze nozekommen.
D’Erhéijung vun de Kraaftstoffpräisser, d’Qualitéit vun eiser Loft an de Schutz vun eisem Planéit si gutt Grënn, fir eis d’Fuerverhalen an d’Notzung vun eise Gefierer ze optiméieren an domat eis Kraaftstoffkäschten ze reduzéieren.
Bekämpfung vun energieintensive Fuergewunnechten, Fargemeinschaften, heefeg Notzung vun den ëffentlechen Transportmëttelen, aktiv Mobilitéit, Notzung vun der Elektromobilitéit a Kombinatioun vun Transportmëttele fir déi deeglech Faarte sinn interessant Alternativen, déi sech wierklech op eisen Energieverbrauch an de Klimaschutz auswierken. Hei fannt Dir e puer Tipps, wéi Dir Ären Energieverbrauch ënnerwee reduzéiere kënnt.
Am September 2022 huet d’Regierung déi grouss Energiespuerkampagne „Zesumme spueren – Zesummenhalen“ lancéiert. D’Zil vun der Campagne ass et, déi ganz Gesellschaft ze encouragéiere, fir Energie ze spueren – de Staat, d’Gemengen, d’Betriber an d’Stéit, fir d’Zil 15 % Äerdgas anzespueren ze erreechen.
Am Abrëll 2023 gouf um Enn vun der éischter Period vu Gasspueren, déi vum 1. August 2022 bis den 31. Mäerz 2023 leeft, e positive Bilan gemaach. Mat enger kumulativer Reduktioun vu -26,3% huet Lëtzebuerg et fäerdeg bruecht, säin Zil ze iwwertreffen. Dat ass d'Resultat vun engem kollektiven Effort. Lëtzebuerg huet grouss Solidaritéit gewisen a sech vill ugepasst, an dat op allen Niveauen: Staat, Gemengen, Betriber a Bierger.
Fir den nächste Wanter virzebereeden an d'Versuergungssécherheet ze garantéieren, gouf op europäeschem Niveau d'Verlängerung vun dëser Mosnam op ee Joer – bis den 31.03.2024 – decidéiert.
Bei hire Beméiungen ëm eng Reduktioun vum Energieverbrauch setzt d’Regierung fir d’éischt op fräiwëlleg Mesurë vu Bierger an Entreprisen, déi de op Modeller vun der EU-Veruerdnung baséieren, fir séier an effektiv Resultater ze erzilen. De Staat muss mat guddem Beispill virgoen an d’Regierung huet Instruktioune fir ëffentlech Gebaier erlooss. Fir d’Gemenge gëlle Recommandatiounen, déi se am Kader vun der kommunaler Autonomie verschäerfe kënnen.
Et besteet keng Noutwennegkeet, eng national an allgemeng Ufuerderung un d’Heiztemperatur fir Wunnengen ze stellen, well se net fir all Raimlechkeeten an Aktivitéite gëlle kann. Jee no Aarbechtssituatioun ass et am Beräich vun der Aarbecht besser, sech un de Mindestempfielunge vum ITM ze orientéieren.
Am private Secteur ënnerscheede sech d’Recommandatiounen och jee no Raimlechkeeten:
Weider Tipps fir d’Reduktioun vun Ärem Heizverbrauch fannt Dir ënner www.klima-agence.lu/fr/je-fais-baisser-ma-facture-de-chauffage
De Bäitrag vun alle gesellschaftlechen Acteuren ass wichteg, fir eis Energieausgaben erfollegräich an de Grëff ze kréien. Dofir ass d’Roll vu jiddwer Gemeng bei dësem Usaz vun zentraler Bedeitung.
Zousätzlech zu alle Moossnamen, déi d’Gemengeverwaltung op hirem Territoire, besonnesch am Kader vum Moossnamekatalog vum Klimapakt, ëmsetze kann, luede mir si an, hir Beméiungen duerch d’Benotze vum Logo Zesumme spueren an hire Kommunikatiounen ervirzehiewen. D’Gemenge kënnen esou am Kader vum nationalen Usaz méi Siichtbarkeet kréien an d’Bewosstsinn vun de Bierger fir e besseren a méi gerénge Verbrauch stäerken.
All d’Gemenge kënnen ab elo nach méi staark beim Energieverbrauch a besonnesch beim Äerdgasverbrauch oppassen, fir méiglech Gasversuergungsspannungen an Europa den nächste Wanter ze verréngeren. De Circulaire 4168 vum 5. August 2022 enthält déi aktuell Instruktioune fir Gemengeverwaltungen, Gemengesyndikater an ëffentlech Ariichtungen ënner der Opsiicht vu de Gemengen. circulaire 4168 du 5 août 2022Energiespuerpotenzialer si vilfälteg an dacks schonn identifizéiert (Energieauditen, bewäert Praktiken), zum Beispill:
Am Kader vun de verschiddene Gemengenaktivitéite ginn et nach sëlleg weider kommunalspezifesch Moossname fir d’Energieeffizienz, déi dacks scho vun den technesche Servicer identifizéiert a besonnesch um Niveau vum Moossnamekatalog vum Klimapaktbeschriwwe sinn an déi mir den entscheedende Persounen op kommunalem Niveau un d’Häerz leeën, se sech grëndlech unzekucken an ze prioriséieren.
Wéi all Acteure vun der Zivilgesellschaft mussen och déi staatlech Acteuren Ustrengungen ënnerhuelen, fir Energie ze spueren.
Energiespuerpotenzialer si vilfälteg an dacks schonn identifizéiert (Energieauditen, bewäert Praktiken), zum Beispill:
Fir Energie doheem ze spueren, musst Dir op Är Heizung an Ären Energieverbrauch oppassen.
Kleng Gesten am Alldag kënnen dozou bäidroen, Ären Energieverbrauch ze reduzéieren, wéi zum Beispill d’Temperatur an den eenzele Raim richteg astellen, programméierbar Thermoventillen* ze installéiere, fir d’Temperaturen an d’Heizdauer besser ze steieren, Är Chaudière net ausmaachen a reegelméisseg den Entretien maache, fir sécher ze sinn, datt se gutt funktionéiert. Dofir muss Dir den „Heizungscheck“ vun engem zertifizéierten Handwierker duerchfeiere loossen. Dëst kënnt Dir zum Beispill bei Ärem nächsten Entretiens-Rendez-vous maache loossen.
Dir kënnt natierlech och méi grouss an ausgibeg Moossnamen ëmsetzen andeems Dir Är Wunneng besser isoléiert an dobäi vun de Klimabonus-Subventioune profitéieren.
En ce qui concerne votre consommation d'électricité, vous pouvez commencer par le remplacement des électroménagers énergivores et l'installation d'ampoules LED.
Tipps fir Energie ze spueren, fannt dir op energie-spueren.lu.
*Et gi verschidden Zorte vun Thermoventillen, déi ënnerschiddlech vill Stroum verbrauchen. Dëse Faktor soll ee beim Choix berécksiichtegen.
Bei den Efforten, fir den nationalen Energieverbrauch ze reduzéieren, sëtzt d’Regierung fir d’éischt mol op fräiwëlleg Moossnamen fir Bierger an d’Betriber, esou wéi et an der EU-Direktiv virgesinn ass, fir schnell an effizient Resultater ze erzielen.
De Staat muss mam gudde Beispill virgoen an d’Regierung huet d’Instruktioun un déi ëffentlech Gebaier erausgeschéckt. De Gemenge goufen Recommandatioun am Kader vun hirer kommunaler Autonomie zoukomme gelooss.
Et mécht momentan net vill Sënn um nationale Niveau allgemeng Heiztemperaturen ze imposéieren, well se net iwwerall a fir jiddereen ëmgesat kënne ginn: Am Aarbechtsberäich ass et sënnvoll, sech un de Recommandatioune vun der ITM ze orientéieren.
Doheem gëlle verschidden Empfeelunge jee no Raum:
Wéider Tipps, wéi Dir Ären Heizungsverbrauch reduzéiere kënnt, fannt Dir op https://www.klima-agence.lu/de/ich-senke-meine-heizkostenrechnung
Egal ob Dir eng klassesch, eng Niddregtemperatur- oder eng Kondensatiouns-Chaudière hutt, ass Är Chaudière ënnert bestëmmte Konditiounen am energieeffizientsten. Wann dës Konditiounen net gi sinn, da riskéiert se onnëtz Energie ze verbrauchen, wéi all Apparat, dee falsch benotzt gëtt.
Fir den optimalen Betrieb ze garantéieren, mussen d’Heizkreesleef vun engem Expert richteg agestallt ginn. De Benotzer huet ausserdeem d’Méiglechkeet verschidde Programmer ze benotzen (Summermodus, Partymodus, Vakanzemodus, Wantermodus)
Zousätzlech gëtt recommandéiert, d’Nuetstemperatur e puer Kelvins rofzesetzen. Dës kann direkt un der Chaudièregemaach ginn an esou ginn d’Temperaturen vun den Heizkierper automatesch erof.
D’Heizung soll ni ganz ausgeschalt ginn, well et soss kéint sinn, datt et an de Réier fréiert.
Prinzipiell soll ee sech bei den Astellungen un de Richtlinnen vum Hiersteller orientéieren.
D’Energiesprim get zesumme mat der AVC (allocation de vie chère) mat Hëllëf vum Formular fir d’AVC ugefrot. Wann Dir also de Formular fir d’AVC ausgefëllt hutt, dann hutt Dir automatesch och d’Energiesprim ugefrot. D‘Energiesprim as en Zousaz vun der AVC. Wann een d’AVC accordéiert kritt, da kritt een also och automatesch d’Energiesprim.
D’Demande ka bis den 31. Oktober 2022 eragereecht gin.
Fir als komplett ugesin ze ginn, muss folgendes gemaach sinn:
Wann Dir sollt Froën zur Demande hunn, da went Iech w.e.g un de Service AVC, Telefon (491081 - 999)
De Service AVC traitéiert d’Demanden der Rei no, wéi se erakommen. Et sin all Joërs vill Dossieren, dofir as et onméiglech, e genauen Delai ze nennen.
Falls e Problem mam Dossier sollt sinn, da mellt sech de Gestionnaire bei Iech. Den FNS (Fonds national de solidarité) mellt séch op jidde Fall bei Iech, egal ob d’Demande refuséiert oder akzeptéiert gouf.
Nee, dat ass net méigléch.
Am Fall wou Dir eng Schold beim FNS sollt hunn, huet den FNS d’Recht, bis zur Hallschent vun der AVC abehaalen, fir d’Schold zeréckzebezuelen. Dat geet awer net bei der Energiesprim, déi däerf net fir dësen Zweck gekierzt ginn.
D‘AVC/Energiesprim kann awer och gekierzt ginn, wann de Plafong vum Brutto-Jores-Akommes iwwerschratt gëtt. De Betrag, deen de Plafong iwwerschreit, gëtt da vun der AVC / Energiesprim ofgezunn. Wann nach eppes iwwreg bleift, da gëtt dat als AVC / Energiesprim ausbezuelt.
Den FNS betruecht Persounen, déi zesummen an engem Haushalt liewen, grondsätzlech als Liewensgemeinschaft. Et zielt also all Akommes vun all Bewunner vun enger Wunneng.
Den FNS kann awer eng Persoun, déi an enger Colocatioun wunnt, als eegestännech Liewensgemeinschaft unerkennen, wa folgend Bedingungen erfëllt sins:
Fir d’Berechnung vun AVC / Energiesprim zielt d’Zesummesetzung vum Haushalt zu dem Moment, wou d’Demande eragereecht get. Wann d’Zesummesetzung duerno ännert, get dat net berücksichtigt. Et as also onnéideg, den FNS iwwert Ännerungen ze informéieren.
Fir d’Joresakommes vun enger Liewensgemeinschaft ze berechnen, zielt den FNS all Bruttoakommes vun de leschten 12 Méint zesummen a rechent dorauser eng Moyenne pro Mount.
Jo, ënnert bestëmmte Bedéngungen akzeptéiert den FNS och eng Referenzadress, nämlech wann d’Persoun effektiv an dauerthaft an enger Struktur lieft, déi awer net als Wunnadress gëllt: zum Beispill bei enger laanger Hospitalisatioun oder Therapie, bei engem dauerhaften Openthalt op engem Camping, an engem Vakanzechalet oder engem Bau an enger Gréngzon, bei der Aquartéierung an engem Hotel no engem Noutfall etc.
Nee, den FNS akzeptéiert just eng Demande pro Persoun a pro Joer.
Nee, d’AVC / Energiesprim ka nëmmen op de Kont vum Demandeur bei enger lëtzebuergescher Bank iwwerwise gin. Ausnahme si net méigléch.
Jo, d’Kontosnummer kann nom Erareeche vun der Demande nach geännert gin. Schéckt dofir en RIB (relevé d'identité bancaire) mat der Post un den FNS. Och dëse RIB muss op den Numm vum Demandeur lafen.
Fir d’Verlängerung oder d’Demande vum Kultur-Pass musse ee séch perséinléch bei engem vun de 14 Guichete presentéieren. Dir musst dann de Bréif vum FNS mam Accord vun der AVC virweisen. Hei fannt Dir d’Guichete (points de retrait)
Le demandeur doit introduire sa demande auprès du Service des aides au logement du ministère du Logement, à l'aide d'un formulaire spécifique.
Le formulaire original - dûment rempli et signé - peut être remis au Service des aides au Logement par voie postale ou directement dans ses locaux.
Une demande introduite par voie électronique (à l'adresse e-mail : guichet@ml.etat.lu) est acceptée, mais le demandeur devra confirmer celle-ci par écrit (un document de confirmation lui sera fourni par le Service des aides au logement).
L'adresse pour le courrier postal est la suivante :
Service des aides au logement
11, rue de Hollerich
L-1741 - Luxemburg
Les documents à fournir sont les suivants :
Si le demandeur n'a pas la nationalité luxembourgeoise, une attestation valable relative au droit de séjour du demandeur (une attestation d'enregistrement, attestation de séjour permanent, titre de séjour, carte de séjour) doit être fournie lors de la demande.
Une subvention ne peut pas être accordée en cas de dossier incomplet. Dans ce cas, le gestionnaire du dossier demande les pièces justificatives manquantes pour permettre de continuer l'instruction du dossier.
Important : Lors du remplissage du formulaire, le demandeur a la possibilité d'autoriser le Service des aides au logement à accéder à certaines de ses données personnelles détenues par d'autres administrations, en l'occurrence le Fonds national de solidarité (FNS) et la Caisse pour l'avenir des enfants (CAE). Grâce à cette autorisation, le Service des aides au logement a la possibilité de récupérer automatiquement certaines des pièces justificatives requises et de traiter plus rapidement la demande initiale ou le réexamen annuel du dossier. Si le demandeur ne donne pas son consentement, des pièces supplémentaires lui seront demandées.
La demande peut être introduite tout au long de l'année.
En principe, l'aide est accordée à partir de la date d'introduction de la demande, si toutes les conditions étaient remplies à ce moment.
Le paiement de la subvention de loyer est effectué mensuellement au courant de la 2e moitié du mois.
Non. Il n'est pas possible de recevoir une avance sur la subvention de loyer.
Le Service des aides au logement traite les demandes introduites selon la date d'entrée des demandes afin de garantir un traitement équitable des demandes.
La subvention versée correspond toujours au montant maximal de la subvention en tenant compte du revenu de la communauté domestique bénéficiaire. En effet, à partir d'un certain niveau de revenu, le montant de la subvention de loyer diminue en fonction du revenu de la communauté domestique.
Si le revenu de la communauté domestique dépasse la limite de revenu prévue par loi, la subvention de loyer n'est pourtant plus due.
Sont considérés pour déterminer la communauté domestique le demandeur lui-même et toutes les personnes qui habitent ensemble avec lui.
Oui.
Conformément aux dispositions légales, le montant de la subvention de loyer est déterminé en fonction de la composition domestique du demandeur.
Tout changement relatif à la composition domestique doit ainsi être signalé au Service des aides au logement afin que le montant de l'aide puisse être réévalué.
En cas d'omission par le bénéficiaire de l'aide de signaler un tel changement, le montant éventuellement indûment touché est à rembourser.
Le revenu de la communauté domestique qui est utilisé comme base de calcul est la somme :
Les revenus de toutes les personnes qui habitent dans le logement pris en location par le demandeur et qui y sont déclarées (p. ex : parents, enfants ou toute autre personne) sont pris en compte.
Les rentes alimentaires versées par le demandeur sont déduites du revenu utilisé comme base de calcul.
Les prestations sociales ne sont pas prises en compte dans le revenu de la communauté domestique (allocations familiales, allocations de rentrée scolaire, allocations de vie chère, etc.)
Oui.
Le montant de l'aide étant déterminé entre autres en fonction du revenu de la communauté domestique, tout changement d'employeur, commencement de travail, arrêt de travail etc. d'une personne faisant partie de la communauté domestique est à signaler.
Oui, mais seulement sur demande motivée et accord du ministre.
En principe, le demandeur doit habiter dans le logement pour la location duquel la subvention de loyer est demandée afin de pouvoir bénéficier de l'aide.
Pour vérifier le respect de cette condition, l'article 2 paragraphe 1er, point 3°, de la loi prévoit notamment que « le demandeur est déclaré à l'adresse du logement qui est son habitation principale et permanente ».
Or, conformément à l'alinéa 2 du même article, le ministre peut déroger, sur demande motivée et pour des raisons tenant à la situation familiale, financière ou de santé dûment documentées, à cette condition.
Oui. Une nouvelle demande peut être introduite à tout moment. Le dossier est alors réévalué et l'aide est accordée à partir de la date de la demande de réexamen si les conditions sont remplies.
La subvention de loyer est virée sur le compte bancaire indiqué par le demandeur sur le formulaire de demande d'aide.
En cas de gestion financière par un Office social, l'aide est virée sur le compte bancaire de l'Office social si une copie du mandat y relatif est versée au dossier.
Oui. Sur demande écrite et dûment signée, le bénéficiaire peut demander à tout moment que l'aide soit virée sur un compte bancaire différent de celui indiqué sur le formulaire de demande initial.
Pour plus de détails sur les nouvelles aides énergétiques, veuillez consulter www.subventions-energie.lu.
Depuis octobre 2022, le prix du gaz pour les ménages a été limité à +15 % par rapport au niveau de prix moyen en septembre 2022.
Le prix de vente du gaz naturel liquéfié a été temporairement réduit de 0,20 €/kg. Depuis janvier 2023, la TVA sur le gaz est par ailleurs passée de 8 % à 7 %.
En novembre 2022, une baisse du prix de vente du mazout de 15 cents/l a été mise en place.
Depuis janvier 2023, la TVA sur le mazout est par ailleurs passée de 14 % à 13 %.
Au 1er janvier 2023, une réduction du prix de vente des granulés de bois utilisés pour le chauffage domestique a été instaurée : jusqu'à 35 % du prix, avec un maximum de 200€ par tonne.
Le prix de l'électricité pour les ménages se stabilise en 2023 et 2024 au niveau de 2022. De même, les prix aux bornes de recharge accessibles au public des véhicules électriques seront stabilisés pour les années 2023 et 2024.
La TVA sur l'électricité est passée de 8 % à 7 % depuis le début de l'année 2023.
Depuis le 1er octobre 2022, les clients résidentiels raccordés à un réseau de chauffage urbain bénéficient d'une hausse de prix limitée à +15 % par rapport au niveau de prix moyen de septembre 2022.
Toutes les mesures s'appliquent jusqu'à fin 2024.
Sidd Dir e Betrib an hutt Froen iwwer Energie oder potenziell finanziell Hëllef? Fannt d‘Äntwerten hei.
Les principaux leviers d'action pour économiser de l'énergie au sein des entreprises sont situés au niveau du chauffage, de la climatisation, de la ventilation mécanique, de l'aération, de l'éclairage, de la mobilité et de la consommation d'eau chaude. Tous ces leviers d'action ont un impact soit sur la consommation d'électricité, soit sur la consommation du vecteur énergétique utilisé pour le chauffage et l'eau chaude (p. ex. le gaz naturel).
Dans le contexte de la pénurie d'énergie, ce sont les mesures à effet court terme, comme les mesures comportementales et de régulation (adaptation des consignes), qui apportent une contribution directe et facile à implémenter. Néanmoins, les mesures à moyen et long terme, comme les investissements dans des mesures d'efficacité énergétique et de décarbonisation, ne doivent pas être négligées, car elles favorisent l'objectif général de la décarbonisation et contribuent ainsi à une diminution structurelle de la facture énergétique.
Les mesures à mettre en place le plus facilement se situent au niveau de deux catégories principales. Il s'agit soit de mesures comportementales, soit de mesures de régulation.
Les potentiels d'économie d'énergie sont multiples et souvent déjà identifiés (audits énergétiques, bonnes pratiques). Citons à titre d'exemple :
Il y a encore une multitude d'autres mesures d'efficacité énergétique dans le cadre des diverses activités d'une entreprise, spécifiques à cette dernière. Des informations supplémentaires peuvent être consultées sur le site de Klima-Agence au niveau des bonnes pratiques à l'atelier et des bonnes pratiques au bureau.
L'offre de support peut être synthétisée suivant deux volets.
Le premier volet constitue le support financier, c.à.d. les aides étatiques et les aides des fournisseurs d'énergie.
Les aides financières sont déclinées suivant différentes thématiques, dont les suivantes sont pertinentes dans le cadre de la crise énergétique :
Au niveau de l'efficacité énergétique, le ministère de l'Économie propose les aides à l'investissement en faveur de la protection de l'environnement, l'aide aux services de conseil pour PME et l'aide aux investissements divers pour PME, alors que les fournisseurs d'électricité et de gaz naturel proposent des aides dans le cadre du mécanisme d'obligation en matière d'efficacité énergétique (EEOS - Energy Efficiency Obligation Scheme).
Au niveau des énergies renouvelables, le ministère de l'Énergie et de l'Aménagement du territoire dispose d'aides au niveau de la production d'électricité à partir de sources d'énergie renouvelables.
Finalement, il existe un régime d'aide aux entreprises particulièrement touchées par la hausse des prix de l'énergie créé fin juillet par le ministère de l'Économie.
Le deuxième volet constitue le support au niveau du savoir-faire. Il est couvert par les chambres professionnelles et les acteurs institutionnels touchés par les thématiques concernées par la crise énergétique dans les entreprises, notamment :
En supplément des deux volets mentionnés ci-avant, il existe un programme d'aide plus structurel, le Fit 4 Sustainability de Luxinnovation.
Afin de soutenir les entreprises particulièrement touchées par la hausse des prix de l'énergie, causée par l'agression de la Russie contre l'Ukraine, le gouvernement a mis en place un régime d'aide spécifique en date du 15 juillet 2022.
Le régime d'aides institue deux types d'aides destinées à couvrir :
Plus d'informations concernant les personnes concernées, les coûts éligibles et les modalités pratiques se trouvent sur guichet.lu
Dans ce cadre, la House of Entrepreneurship propose, en coopération avec la Chambre des Métiers, un webinaire et des vidéos d'information.
L'Europe traverse une zone d'incertitudes dans le domaine de l'approvisionnement énergétique et le Luxembourg, même s'il est bien interconnecté aux réseaux de transport d'énergie des pays voisins, se prépare à des pénuries éventuelles dans tous les domaines énergétiques.
A cette fin, des plans et procédures sont en place ou sont, le cas échéant, en phase de mise à jour pour faire face aux futures crises éventuelles. Il s'agit notamment du plan d'urgence et des mesures de réduction au niveau du gaz, des plans de délestage et de la campagne de sensibilisation aux économies d'énergie en matière de gaz et d'électricité.
En cas d'urgence touchant plusieurs secteurs, le Plan d'intervention d'urgence en cas de rupture d'approvisionnement en énergie (électricité et gaz naturel) « PIU rupture énergie » élaboré sous la direction du Haut-commissariat à la protection nationale (HCPN), est activé. Par ailleurs des échanges réguliers et soutenus entre le ministère de l'Énergie et de l'Aménagement du territoire et les fournisseurs d'énergie, les gestionnaires de réseau et les acteurs publiques responsables de nos pays voisins (surtout Belgique et Allemagne) ont lieu.
Avant tout, il faut comparer les prix des divers fournisseurs d'énergie sur la plateforme calculix.
En plus de ces informations, il est important de bien lire et comprendre les conditions de votre contrat (préavis et autres conditions), ainsi que les factures que vous recevez. Avec toutes ces informations vous pourrez faire un choix de fournisseur dont la qualité et la diversité des services seront le mieux adaptées à vos besoins.
Vous pouvez également consulter le site de l'ILR (Institut Luxembourgeois de Régulation) concernant le choix d'un fournisseur de gaz et d'électricité .
La transition énergétique se fonde sur deux principes de base : réduction de la consommation d'énergie et production/achat du reste de façon durable et renouvelable.
Au niveau de la réduction de consommation, une entreprise dispose des leviers comme le chauffage, la climatisation, la ventilation mécanique, l'aération, l'éclairage, la mobilité, la consommation d'eau chaude, etc. Parmi ces leviers, il s'agit d'identifier des mesures à réaliser à court, à moyen et à long terme afin de réaliser tout le potentiel d'économies par étapes.
En ce qui concerne la consommation restante, le principe de décarbonisation s'applique. L'application d'une approche stratégique de décarbonisation à long terme se traduit par le changement de vecteurs énergétiques non renouvelables vers des vecteurs renouvelables. Idéalement, l'entreprise contribuera elle-même à la production de cette énergie renouvelable.
Divers programmes proposés par les fournisseurs d'énergie s'adressent aux consommateurs pour encourager les économies d'énergie.
Prenez contact directement avec votre fournisseur d'électricité ou de gaz pour connaître toutes les solutions qu'il peut vous proposer. Nombre d'entre eux vous proposent également des outils de sensibilisation aux économies d'énergie sur leur site Internet.
Au Luxembourg, le consommateur peut choisir librement son fournisseur d'énergie. Contrairement au marché résidentiel, les fournisseurs n'ont pas l'obligation d'offrir les mêmes conditions à tout client professionnel.
Les entreprises ont donc la possibilité de négocier leur prix, surtout si elles ont une consommation importante. Les fournisseurs sont ainsi susceptibles d'offrir des produits standard aux entreprises qui ne sont pas publiés, comme par exemple des prix fixes pour une durée déterminée basés sur le prix du marché de gros lors de la souscription.
Les trois fournisseurs qui vendent du gaz au Luxembourg à des entreprises offrent des structures de prix et modes de facturation différents.
Le principe d'un paiement d'avances prévaut dans certains cas : les clients paient en principe des avances pendant 11 mois et à la fin de l'année, ils reçoivent le décompte sur les coûts totaux du gaz consommé et des montants payés en acompte. Une régularisation est alors effectuée en fonction de la consommation réelle.
Si le fournisseur adapte ses prix au cours de l'année, il se peut qu'il adapte également les avances en conséquence - à nouveau pour diminuer la différence lors du décompte. Dans ce cas, les avances adaptées sont un moyen d'attirer l'attention du consommateur sur le fait que sa facture de gaz va augmenter et de répartir la facturation sur l'année.
Certains fournisseurs adaptent les avances en fonction de la consommation de façon saisonnière : plus en hiver et moins en été. D'autres fournisseurs facturent la même avance tout au long de l'année.
Une structure de prix alternative peut être une approche où le prix varie tous les mois en fonction du prix actuel du marché de gros et du volume de gaz consommé.
Ce type de produit est en général facturé tous les mois sur base de la consommation réelle. Ce mode de facturation permet de diminuer la différence lors du décompte entre les avances payées et le coût total pour la consommation réelle à payer. Certains fournisseurs offrent une facturation sur base de la consommation réelle tous les mois indépendamment de la structure de prix.
Pour ce type de facturation, qui permet d'éviter un décompte annuel, le consommateur a besoin d'un compteur adapté.
Si le fournisseur veut changer le prix du gaz (les augmenter ou les réduire), il doit l'annoncer au moins 1 mois en avance (Loi modifiée du 1er août 2007 relative à l'organisation du marché du gaz naturel). La communication peut se faire par voie de presse ou sur le site internet du fournisseur.
L'approvisionnement en gaz et en électricité est actuellement très tendu dans toute l'Europe en raison surtout de la réduction des importations de gaz en provenance de la Russie. Pour ce qui concerne l'approvisionnement en électricité, ce sont surtout les difficultés récentes des centrales nucléaires en France, les hautes températures au cours de l'été, le niveau des fleuves et le manque de précipitations qui impactent la production de l'électricité en Europe.
C'est pour cette raison que les États membres de l'Union européenne sont appelés, en vertu du règlement (UE) 2022/1369 du Conseil du 5 août 2022 relatif à des mesures coordonnées de réduction de la demande de gaz, à prendre des mesures de réduction de la consommation de gaz naturel de l'ordre de 15 % afin de faire face à cette situation de difficultés de l'approvisionnement en gaz et en vue de préserver ainsi, dans un esprit de solidarité, la sécurité d'approvisionnement en gaz de l'Europe.
Les États membres sont aussi tenus, pour que les consommateurs de l'Union bénéficient d'une protection adéquate contre les pénuries d'approvisionnement en gaz l'hiver prochain, de faire en sorte que les installations de stockage souterrain de gaz naturel en Europe soient remplies d'au moins 80 % avant le 1er novembre de cette année, conformément au règlement (UE) 2022/1032 du 29 juin 2022 en ce qui concerne le stockage de gaz. Les États membres sans installations de stockage souterrain - comme c'est le cas du Luxembourg - sont obligés de stocker au moins 15 % de leur consommation annuelle moyenne de gaz des cinq années précédentes dans des installations de stockage souterrain situées dans un ou plusieurs autres Etats membre.
En cas de difficulté de payer votre facture, il est conseillé de contacter d'abord votre fournisseur.
En ce qui concerne une éventuelle réduction de la production ou un arrêt de production d'une entreprise grande consommatrice d'énergie suite à une décision gouvernementale sur base d'un plan d'urgence, voire de délestage, imposant une consommation réduite de la consommation de gaz, une proposition commune du ministre de l'Économie et du Ministre du Travail, de l'Emploi et de l'Économie sociale et solidaire a été retenue avec les partenaires sociaux réunis au sein du Comité de conjoncture.
La proposition prévoit que si un tel cas de figure se présente avec un impact sur l'emploi des salariés, les entreprises concernées pourront recourir au chômage partiel afin de maintenir l'emploi et, par conséquent, afin d'éviter des licenciements.
24/01/2023
2m 58s
Déi gréissten Energiequell déi mir Mënschen zur Verfügung hunn ass d’Sonn. Wien dës Energie notze wëll, kann dat op verschidde Manéieren maachen.
17/01/2023
2m 27s
Beim Lëften kann een net direkt Energie spueren, mee duerch richteg Lëfte verhënnert een dass ze vill Energie verbraucht gëtt.
03/01/2023
2m 43s
Wann een doheem un Energiespueren denkt, dann denkt ee ganz dacks als aller éischt un d’Hëtzen.